top of page
Rechercher
Photo du rédacteurBiergerlëscht Cliärref

Bilan no engem Joer

Säitdeem mir am Juli 2023 an enger Koalitioun mat der CSV d’Responsabilitéit an der Gemeng iwwerholl hann, gouf schonn op ganz villen Dossieren geschafft. Niewent dem alldéiglechen Austausch mat eise Partner, Veräiner a Bierger stoungen viran allem den Ausbau vam Reiler Schoulsite, d’Instandsetzen van de Gemengegebaier oder nach d’Iwwerschaffen van enger Rei Conventiounen am Mëttelpunkt van eiser Aarbecht. Hei ee klengen Iwwerbléck op Initiativen, déi mir bis elo ergraff hann: 


- Mir hann d’Ëmgestaltung vam fréiere Minigolf zu Cliärref zu engem zukünftege Konschtpark decidéiert.


- Mir hann zesame mat der Cliärrwer Sektioun va Gaart an Heem d’Planung fir Gemeinschaftsgäert fir eis Bierger zu Hengischt beim ale Paschtoueschhaus an d’Weeër geleet.


- Mir hann an den Kollektivvertragsverhandlunge mat de Gewerkschafte verbessert Konditioune fir eis Aarbechter an eng Upassung van de Karriären fir ee méi effizient Recrutement festgehalen.


- Mir hann mat Gelder aus dem Pacte Logement Bauland zu Hengischt kooft, op deem an Zesamenaarbecht mat der SNHBM abordabele Wunnraum (6 maisons jumelées + 4 Appartementer) geschafe gëtt. Dës Terraine kannen sou op Basis van engem Bail emphytéotique op 99 Joer prioritär u Leit aus eiser Gemeng verlount ginn.


- Mir hann decidéiert, nei Raimlechkeeten fir den Tourist Info Bureau an der Annexe vam Parking Benelux zu Cliärref ze schafen.


- Mir hann zesame mam Ministère eng Mobilitéitsétude an Optrag ginn fir eng detailléiert Analyse van der Verkéiersentwécklung an den domat verbonnenen Problemer an eiser Gemeng opzestellen.


- Mir sënn als Gemeng dem Pakt vam Zesameliewen bäigetrueden.


- Eis Gemeng hat weider Mesuren am Kader vam Naturpakt ëmgesat, wouduerch mir am Juli 2024 d’Bronze Zertifizéierung (60% van den Ziler erreecht) unerkannt kruten.


- En vue van engem europäeschem Jumelage ha mir eis Partnerschaft mat der Gemeng Eijsden-Margraten (NL) verdéift a sënn nei Frëndschafte mat de Kolleegen aus der Gemeng Kazimierz Dolny (PL) agaangen.


- Mir hann zesame mat der Sportskommissioun an interesséierte Bierger um Projet IMPULS vam COSL (Comité Olympique et Sportif Luxembourg) deelgeholl. Hei geet et drëms, d’Besoinen van de Sportveräiner an aneren Acteuren aus dem Beräich ze analyséieren an d’Sport- an d’Beweegungsméiglechkeeten allgemeng ze verbesseren. Éischt Resultater déi elo schonn ëmgesat ginn, sënn zum Beispill eng Beweegungskaart mat alle Sport- a Beweegungsraim an der Gemeng an 15 Promo-Videoen, déi mir fir eis Sportveräiner produzéieren. 

297 vues0 commentaire

Posts récents

Voir tout

Comentarios


bottom of page